arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Nicolas Buck
"Et ass eng spannend Zäit. Wirtschaftlech war hei am Land nach ni esou vill a Bewegung”. Dat war fir de Nicolas Buck d’Motivatioun fir President vun der Industriellen-Federatioun FEDIL ze ginn. Hie sot datt d’Industrie haut eng aner ass wéi fréier, d’ICT- a Software-Firmae géifen haut och derzou gehéieren. Fir de Nicolas Buck ass et net dramatesch wann d’Sozialpartner sech net eens ginn. D’Roll vun der Regierung wier et e Kompromëss ze fannen.