arrow_back_ios
Kultur
Roger Cicero as doud
De Roger Cicero war och bekannt fir net ouni Hutt aus dem Haus ze goen, a fir seng zäitgenëssesch gelonge Manéier Swing an Jazz mat däitschsproochegen Texter engem méi breede Public zougänglech ze maachen. Schonn Enn lescht Joer hat de Roger Cicero opgrond vu gesondheetleche Problemer missen seng Tournee op Äis leeën, hien ass op Gréngendonneschdeg am Krees vu senger Famill un engem Hireschlag gestuerwen