Invité:e vum Dag
Jean-Claude Juncker
An der Suite vun den Attentater zu Bréissel plaidéiert den EU-Kommissiounspresident fir eng europäesch "Unioun vun der Sécherheet". Mat Aktionismus hätt dat näischt ze dinn. D'"Mënscherecht op Sécherheet" kéint an der EU verdeedegt ginn, wann d'Memberstaaten d'Proposen géifen ëmsetzen, déi schonn um Dësch leien. Dozou zielt de Jean-Claude Juncker den Austausch vu Fluchpassagéierdonnéeën, ee verstäerkte Schutz vun de Baussegrenzen, méi Zesummenaarbecht tëscht de Geheimdéngschter an eng nei Reegelung vum Ëmgank mat Waffen. Am Gespréich mam Pia Oppel kommentéiert de Jean-Claude Juncker nach déi geplangte Reform vun der europäescher Flüchtlingspolitik. Eng méiglech Spëtzekandidatur vum CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler bei den nächste Chamberwahlen wëll de fréieren CSV-Premier net kommentéieren. Hien seet just: "Ech hunn de Claude Wiseler ganz gär".