Kultur
Bruno Ganz kritt 75 Joer
Mat de Wierder „an den jeweils bedeutendsten und würdigsten Bühnenkünstler des deutschsprachigen Theaters auf Lebenszeit “ hat den däitschen Theateracteur Friedrich Haase schrëftlech festgeluecht ween de sougenannten Ifflandrank sollt kréien. Zanter 1996 dréit de Bruno Ganz dëse Rank - als Zeeche vun enger laanger, grousser a fir den däitschen Theaterbetrib wichteger Präsenz. Haut feiert den Acteur säi 75. Gebuertsdag - a ween no him den Ifflandrank kritt ass momentan nach geheim - et steet wuel am Ganz sengem Testament.