Invité:e vum Dag
Paul Zahlen
"Et ass eng strukturell Entwécklung zu Lëtzebuerg an an Europa, datt d’Vertrauen an d’Politik zréckgeet", dat sot den Paul Zahlen vum STATEC de Moien hei op der Antenn. Enger rezenter Publicatioun vun der Statistikverwaltung no hunn d’Lëtzebuerger méi Vertrauen an d’Police (72%) an an d’Justiz (61%), wéi an eng Regierung (51%) oder an e Parlament (47%). Am schlechsten eweg an der Enquête kommen déi politesch Parteien. Just 25% vun de Befrotenen soen si hätte Vertrauen an eng Partei.
An de läschten 20-30 Joer wäre duerch d’Mondialisatioun déi ideologesch Repère verluer gaangen. D’Fro op welchem Niveau Decisioune geholl ginn, wär net méi kloer, dofir wär dem Paul Zahlen no d’Vertrauen an d’Politik réckleefeg.