Blue Note
Reis/Demuth/Wiltgen
De bekannte Lëtzebuerger Jazz Trio Reis Demuth Wiltgen spillt de 26. Mäerz 2016 am Stater Conservatoire. Begleet gi si vum Saxophonist Joshua Redman. Den Trio stellt e puer Stécker vun hirem neien Album vir: Places in Between. Déi dräi Museker si beim Manuel Ribeiro am Studio.
Donieft geet et ëm e jonken, talentéierte Pianist: dem Arthur Possing seng éischt CD heescht Invitation by Arthur Possing - Sophisticated Music. Et ass e Live-Matschnëtt vum Téléthon am November 2015.
An Dir léiert d'Claire Parsons kennen. Si studéiert am Bréisseler Conservatoire Jazzgesank.