Kultur
Sophie Jung: éischt Lauréatin vum LEAP-Prize
Véier Finaliste fir de LEAP-Luxembourg Encouragement for Artists-Prize stelle bis den 3. Abrëll rezent Aarbechten an der Galerie vun de Rotonden aus. Nieft der Lauréatin Sophie Jung sinn dat d'Justine Blau, de Julien Grossmann an d'Vera Kox. De LEAP-Prize gëtt vun Allen&Overy gestëft, an an Zesummenaarbecht mat der Rotonden, a mam Curateur Alex Reding verginn. D'Cléo Thoma war sech sur place informéieren, an hat och Geleeënheet fir mat der Lauréatin vum éischte LEAP-Präis ze schwätzen.