arrow_back_ios
Kultur
Hugo Strasser: Den Swing war säi Liewen!
Se waren Swing-Legenden, de Paul Kuhn, de Max Greger an den Hugo Strasser. An elo ass dee leschte vum Trio och net méi do, den Hugo Strasser ass gëschter am Alter vun 93 Joer gestuerwen.Quasi bis un d’Enn stoung de Jazz-Klarinettist a Bandleader op der Bühn, an en huet an iwwert 60 Joer Karriär Danzmusek wéi kaum en anere markéiert. De Jean Claude Majerus erënnert un de Meeschter vum Swing.