arrow_back_ios
Kultur
"Nichts zu Danken", Roman vun der Isabel Spigarelli
Mat nëmmen 20 Joer huet d’Isabel Spigarelli hiren éischten Erzielband „Der Versuch zu sein“ publizéiert a sech domadder als eent vun de villverspriechendsten Nowuesstalenter an der Lëtzebuerger Literaturzeen etabléiert. Ufank 2016 huet si elo hire Roman „Nichts zu danken“ bei den Edition Saint-Paul erausbruecht. Kann d’Buch déi héich Erwaardungen erfëllen? De Yorick Schmit huet d’Äntwert.