Kultur
Boris Pahor
De grousse slowenesch-italiéinesche Schrëftsteller Boris Pahor war viru kuerzem zu Lëtzebuerg. De Pahor gouf 1913 zu Triest gebuer, dat deemools nach zu Eisterräich-Ungarn gehéiert hat. A sengem staark autobiografesch geprägte Wierk huet sech deen haut 102-Joer ale Pahor fir déi slowenesch Minoritéit an Italien, a géint Faschismus, Nazismus a Kommunismus agesat. Engem internationale Publik gouf hie relativ spéit bekannt, virun allem duerch déi literaresch Verformung vu senge KZ-Erliefnësser. Ee Bäitrag vum Michel Delage.