Invité:e vum Dag
“Et gëtt relativ wéineg männlech Virbiller”
Den Alex Kries ass Gewaltberoder a –pädagog beim Service “Info Mann”. Am Gespréich mam Mick Entringer huet hien erkläert, datt et bei Theme wéi Sexualitéit oder Aggressioun duerchaus Sënn mécht, Jongen a Meedercher getrennt vuneneen ze behandelen. “Sech als Jong, als Mann inszenéiere spillt manner eng Roll”, sou den Alex Kries. Déi eenzel Charakteren an engem Grupp kéinte sech esou eraus kristalliséieren. “De klassesche Jong gëtt et natierlech net”.
De Pädagog ass der Meenung, datt d’Duerstellung vun de Jongen an de Medien dacks dramatiséiert gëtt. Doduerch géife se wouer geholl ginn als déi, déi aggressiv, gewalttäteg sinn, Problemer hunn an der Schoul”. Ganz vill Jonge kéinte sech domat net identifizéieren. Doriwwer eraus géife relativ wéineg männlech Virbiller existéieren.
Lauschtert den Alex Kries an eiser Emissioun “Invité vum Dag”.