Kultur
Atelier Paradiso Beetebuerg
Den Atelier Paradiso ass en neit klengt Kulturhaus zu Beetebuerg, op 15 rue Sigefroi. e flotte heemleche Sall, mat vill natierlech Liicht awer ausgerüst mat moderner Luuchtentechnik, em di 100 m2, mat enger Sëtz Kapazitéit bis zu 100 Läit. De But ass et wierklech d’Konscht, Musek, Spoken Word de Läit méi nozebréngen, an dat direkt eben matten am engem gréisseren Duerf an engem méi gemittlechen intimen Kader. Jo quasi nees e klenge Quartiertheater. Dräi Läit këmmeren sech em den Atelier Paradiso, d’Cellistin Judith Lecuit, de Mathieu Lebrun an de Ronny Dofing.