Kultur
Live Cinema 2016: en Chaplin Klassiker, de Carl Davis an den OPL
"The Gold Rush" vum Charlie Chaplin, iwwert d'Goldgriewerféiwer an Alaska um Enn vum 19. Jorhonnert, huet de Cineast a Komiker als dee Film bezeechent, mat deem en am léifste wéilt an Erënnerung bleiwen. 1925 koum "The Gold Rush" als Stommfilm an d'Kinoen. Déi berühmt Zeenen an, a mat, der Häipchen am Schnéistuerm, an de Ballet mat de Bréidercher, si grouss Film-Momenter. 1942 hat den Chaplin eng (manner gutt) Tounfilmversioun erausbruecht, fir déi en och Melodië geschriwwen hat. Dës Musekstécker huet de Carl Davis nei arrangéiert. Den OPL spillt se als Live-Accompagnement bei där gudder Versioun vum Film (déi vun 1925) am Kader vun zwou Projektiounen an der Philharmonie. De Carl Davis dirigéiert selwer. Déi zwee Live-Cinema-Soiréeën (18./19.3.), souwéi eng Famillen-Éditioun mat zwee aneren Chaplin-Filmer, ginn organiséiert vun der Cinémathéik an der Philharmonie.