Blue Note
Arabjazz موسيقى الجاز
Déi nächst Woche kommen dräi arabesch Jazzmuseker op Lëtzebuerg: de libaneseschen Trompettist Ibrahim Maalouf trëtt am Stater Atelier op, den tuneseschen Oud-Spiller Anouar Brahem am Cube zu Maarnech an de libanesesche Perkussionist Bachar Khalife kënnt och an den Atelier. De Jitz Jeitz stellt dës Museker vir, beliicht de Métissage vun hirer Musek a proposéiert nach Musek vum Pionéier vun der Fusioun vum Jazz mat arabesche Kläng, dem libaneseschen Oud-Spiller Rabih Abou-Khalil.