Kultur
"Meet the Artist" bei der Public Art Experience um Belval
De Fonds Belval ass, als ëffentleche Bauhär vun der Cité des Sciences, dozou verflicht, a Konscht ze investéieren. De Fonds-Comité huet décidéiert, net just ee Konschtwierk an Optrag ze ginn, mee mat Kënschtlerresidenzen, ënnert dem Numm "Public Art Experience", e ganze Koup Artisten ze ënnerstëtzen. Mat dobäi ass d’Escher Kënschtlerkoppel Martine Feipel a Jean Bechameil. D’Kerstin Thalau huet den Duo bei den “Meet the Artist”-Rencontre gesinn.