Kultur
The Birth of a Nation: rassistesch a monumental
1915 koum dem amerikanesche Filmpionnéier David W. Griffith säi méi wéi dräi Stonne laange Film "The Birth of a Nation" an d'Kinoen. Et wor ee kolossalen Erfolleg, och wann de Film, iwwert zwou Famillen an der Zäit ëm den amerikanesche Biergerkrich, deels extrem rassistesch gefierften Zeenen enthält, an de Ku Klux Klan verherrlecht. Sou koum et och op munneche Plazen an den USA zu Protestaktiounen, mä am grousse Ganzen huet "The Birth of a Nation" d'Masse begeeschtert. Trotz senger douteuser Réputatioun gëlt de Film als Meeschterwierk vum narrative Kino, an als ee Meilesteen an der Sprooch vun der siwenter Konscht. D'Cinémathéik proposéiert de 17. Mäerz fir de Film an enger restauréierter Versioun ze kucken.