Kultur
Ass de Casino zou?
De 4. Februar huet de Casino Lëtzebuerg, de Forum fir zäitgenëssesch Konscht, seng Dieren zougemaach…An der Ënneschtgaass gëtt nämlech 11 Woche laang geschafft, renovéiert an nei aménagéiert. De Grond: den 22. Mäerz 2016 feiert de Casino 20. Gebuertsdag. An dat net nëmme mat enger spezieller Gebuertsdagsparty, mä och mat enger neier Zeenographie. D’Kerstin Thalau huet mam Nadine Clemens, der Pressespriecherin vum Casino, iwwert éischt Reaktioune zum Chantier geschwat.