Kultur
Den David Bowie als Acteur
Mat de Filmer "The Man Who Fell to Earth", "Merry Christmas Mr. Lawrence", "Absolute Beginners" a "Basquiat" erënnert d'Cinémathéik am Mäerz un dem David Bowie seng Carrière beim Film. Hie war do laang present - besonnesch wann een all seng méi kuerz Optrëtter matzielt. Seng wierklech grouss Rollen, déi säi Potential als Acteur ënner Beweis stellen, loosse sech allerdéngs un de Fangere vun enger Hand opzielen. Dat mécht d'Cléo Thoma.