Kultur
D’Ausstellung "le genre à l’affiche“ am CDMH
Stéchwuert Weltfraendag 2016: De leschte Weekend ass an deem Kontext am Centre de documentation sur les migrations humaines, an der Diddelenger Gare-Usines, d’Ausstellung "le genre à l’affiche“ opgaangen. An 2 Kapitelen, eemol op Illustratioune vun der UNO an eemol op Grafike vun der Héichschoul Tréier, gëtt hei d’Zesummeliewen tëscht Mann a Fra souzesoen affichéiert. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Coorganisatrice Annabelle Laborier-Saffran, vum Chancegläichheetsservice vun der Stad Diddeleng.