Kultur
Dem Durs Grünbein seng Autobiographie „Die Jahre im Zoo“
De Durs Grünbein gehéiert zu de bedeitendste Schrëftsteller an eiser Zäit a gouf scho mat nationalen an internationale Präiser ausgezeechent. An sengem neisten a perséinlechste Wierk "Die Jahre im Zoo“ erzielt de 53-Järegen Däitsche vu senger Kandheet an der DDR, déi mat ganz vill Sehnsüchten a Leed verbonnen ass. Net nëmme seng Zäit während dem Kale Krich gëtt beschriwwen, mä och d’Erfahrunge vu sengem Grousspapp während dem Zweete Krich kommen am Buch vir. Dat ganzt gëtt mat ale Photoen op 400 Säiten illustréiert. Pesentéiert vum Karolina Chylinska.