Radioen

On air

Thé Dansant  |  Kris Kristofferson - Me And Bobby McGee

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Metal Meltdown goes Entombed (A.D.)

Metal Meltdown goes Entombed (A.D.)

Entombed, Entombed an nach emol Entombed

Am Metal Meltdown dréint sech dës Kéier alles ëm Entombed A.D., déi Ufanks den 90er Joren - deemools nach ënnert dem Numm Entombed - mat hirem buzzege Sound souwuel e Startschoss fir de schwedeschen Death Metal wéi och vum Genre vum Death N' Roll gemaach hunn. Wéi och schonn am Machine Head Special maache mer den Tour duerch déi ganz Discographie, et gëtt e Review vum neien Album Dead Dawn, deen Enn Februar erauskomm ass an et gëtt en Interview mam Frontmann vun der Band L.G. Petrov.

Album vun der Woch: Entombed A.D. - Dead Dawn (8,5/10)



Death N' Roll. Dat war zënter Wolverine Blues der Band hire Stil (mat e puer Ausnamen dotëscht) an dat ass och d’Stéchwuert fir den neisten Entombed A.D. Album Dead Dawn, deen de 26. Februar erauskomm ass, an dee genau sou ass, wéi en Entombed Album soll sinn. Wat am Endeffekt de groovegen Death N' Roll Mix ausmécht ass alt nees déi gescheit Zesummewürfelung vun Death Metal, Punk, Crust, Hardcore a Rock N' Roll.

Mam Opener Midas in Reverse gëtt d’Band direkt d’Richtung fir e wëllen a béisen Album un: D’Stéck ass séier awer rockeg, mat puer luese Momenter an enger schwéierfälleger Bréck, déi an e Solo iwwergeet, bei deem et engem bal dronkeg gëtt. Den LG Petrov katzt a kläfft wéi gewinnt rotzeg ronderëm an an deem ganze Mix fënnt ee souguer och nach déi eng oder aner Doom a souguer Power Metal Progressiounen.

En anert Beispill dofir, wéi gär Entombed AD experimentéieren, fënnt een am Stéck Down To Mars To Ride, dat mat engem wuschege Gittar Intro ufänkt an an eng stampfend Mosh Sektioun iwwergeet. Mat hirem brummende Sound liwweren den Nico Elgstrand an de Victor Brand wéi gewinnt richteg dreckeg Riffer an den LG Petrov gröhlt hei scho bal Singalong Deeler. Kuerz wiesselt d’Lidd souguer seng Richtung, dat awer ouni u Momentum ze verléieren.

Méi schwéierfälleg scho bal sludgeg Riffer mat dröhnende Gittare gëtt et am Stéck As The World Fell. De groove geet dobäi awer net verluer. Dat selwecht gëlt fir Hubris Fall, wougéint Total Death a Silent Assassin éischter brutal Hardcore Hommage sinn.

Dat déidlechst a brutaalst geshredds op Dead Dawn, deen deemno a kenger Death Metal an oder Entombed Sammlung däerf feelen, gëtt et awer wuel an deem Song vum Album, deen ech och an der Sendung gespillt hunn: Black Survival.

Agenda

11.03.2016 - Defeater & Co. @ Exhaus, Tréier

Playlist

Entombed - Premature Autopsy (Left Hand Path, Earache)

Entombed - Stranger Aeons (Clandestine, Earache)

Entombed A.D. - Black Survival (Dead Dawn, Century Media Records)

Entombed - Heavens Die (Wolverine Blues, Earache/Columbia)

Entombed - They (DCLXVI: To Ride Shoot Straight and Speak the Truth, Threeman Recordings)

Entombed - Say It In Slugs (Uprising, Music For Nations)

Entombed - Chief Rebel Angel (Morning Star, Koch)

Entombed - Nobodaddy (Inferno, Music For Nations)

Entombed - Serpent Saints (Serpent Saints - The Ten Amendments, Threeman Recordings)

Entombed A.D. - Pandemic Rage (Back To The Front, Century Media)

Episoden