arrow_back_ios
Kultur
Film Festival: duerch d'Selektioune gekuckt virum Verdikt
Zéng Fiktiounsfilmer an aacht Documentaire sinn an den zwou Competitioune beim Luxembourg City Film Festival presentéiert ginn. Just ier déi dräi Juryen (den internationale Jury, dee fir d'Documentairen, an de Jury Presse) hire jeeweilege Favorit verkënnegen, iwwerfléien de Michel Delage, d'Maxi Pesch an d'Cléo Thoma nach emol all d'Filmer, déi ëm d'Präisser rivaliséieren.