Kultur
Terence Davies: vill Reen a Schottland
Am Kader vum Luxembourg City Film Festival war déi lëtzebuergesch Avant-Première vum Terence Davies sengem Film Sunset Song", eng lëtzebuerger Co-Produktioun mat Iris Productions. Den 9. Mäerz kënnt de Film hei an de Kino. Den Tom Dockal an d'Cléo Thoma hunn de Film um Festival gesinn, an haten, zesumme mam Yves Stephany, och Geleeënheet fir mam Réalisateur Terence Davies e längeren Interview ze maachen. Fir ons dräi Journaliste wor dës Begéinung ee vun den absoluten Highlights vum Festival.