Kultur
Filmfestival: "Mammal", "Mallory" an en iraneschen Drama.
"Mammal" vun der irescher Cineastin Rebecca Daly handelt vun enger Fra, déi, wéi se sech vun hirem Mann getrennt hat, och hire Jong verlooss hat. Joere méi spéit gëtt dee Jong als vermësst gemellt. Zäitgläich hëlt déi Fra, déi hire Bouf also ni kannt huet, een anere Jong, méi oder wéineger am selwechten Alter wéi hire Fils, bei sech op. "Mammal" ass eng lëtzebuergesch Co-Produktioun iwwert eng ambigue Relatioun an e Film, deen am Abrëll bei ons an de Kino kënnt. An der Kategorie vun den Documentairen ass dëser Deeg och "Mallory" gelaf, iwwert eng Ex-Junkie déi trotz ville Steng am Wee hiert Liewen nees an de Grëff kritt. Ausserdem schwätze mer iwwert den iraneschen Drama "Grenzgebiet (Bedone Marz)", deen an der Programmatioun Jeune Public gewise gouf.