Kultur
"Under The Sun": wéi eng Diktatur sech selwer dénoncéiert.
De russesche Cineast Vitali Mansky interesséiert sech duerfir, wéi et ass fir an enger Diktatur ze liewen. Duerfir huet hien den nordkoreaneschen Autoritéite proposéiert, e Film iwwert den Alldag an Nordkorea ze dréinen. No engem laangen Échange vu Bréiwer gouf hien tatsächlech invitéiert, fir e Film ze maachen. Deen ass ënner schäerfster Kontroll an Zensur entstan. An dach ass dem Mansky en Documentaire gelongen, deen alles anescht wéi e pro-nordkoreanesche Propagandafilm ass.