arrow_back_ios
Kultur
De chinesche Filmmarché boomt mä just fir kommerziell Filmer.
Och wann déi chinesesch Économie Schwieregkeete kennt, boomt de Filmmarché a China weider, seet de Wang Xiaoshuai, international bekannte chinesesche Film-Auteur a Juryspresident vum Luxembourg City Film Festival. D'Zäite fir kommerziell Filmer waren nach ni esou gutt wéi elo. Mä och wann d'Filmer haut bal nëmmen nach mat Privatgelder finanzéiert ginn, mussen se awer nach duerch d'Zensur.