Kultur
Filmfestival: zwee Documentairen an den Terence Davies dee laacht
"The Settlers" vum Shimon Dotan iwwert déi honnertdausende vun israelesche Siidler déi sech an de besate Gebidder néiergelooss hunn, an "A Flickering Truth" vun der Pietra Brettkelly iwwert e klengen Deel vum afghanesche Filmarchiv, dee virun der Zerstéierung duerch d'Taliban gerett konnt ginn, behandelen op eng anschaulech Manéier schwiereg Themen. Béid Filmer lafen an der Competitioun vun den Documentairen um Festival. De britesche Cineast Terence Davies fir säin Deel presentéiert säi Film "Sunset Song", eng Co-Produktioun mat Lëtzebuerg, an der Selektioun vun de Fiktiounsfilmer. Mer lauschteren de Cineast iwwert d'Schwieregkeet, Kéi a Schof op engem Tournage dozou ze kréien, datt se maache wat ee gäre vun hinnen hätt.