Kultur
Dem Joan Miró säi Studio
Um 60ten Anniversaire vum Moler Joan Miró sengem Studio ausserhalb vu Palma de Mallorca, huet eng spuenesch Galerie de Studio zu London nogebaut. D’ Galeria Mayoral weist dem Miro säi Studio a senger ganzer Variétéit, mat Replicke vun Objete wei och eng Rei original Biller. De Projet gouf zesumme mam Joan Miró sengem Enkel an der Directrice vun der Miró Fondatioun zu Mallorca realiséiert. De nogebaute Studio gëtt dem Visiteur en Abléck an dat kreativt Ëmfeld vun engem vun de bekannteste spuenesche Moler. D’France Ewen war sech de Studio zu London fir eis ukucken.