arrow_back_ios
Kultur
Luxembourg City Film Festival 2016
Nei Partenairen, nei Highlights, an eng aner Nues bei der Programmatioun: wann d'lescht Joer Filmer aus Osteuropa staark vertruede waren, huet de Luxembourg City Film Festival déi Kéier vill lëtzebuergesch Produktiounen a Co-Produktiounen opweises. Och latäinamerikanesch Filmer stinn am Mëttelpunkt. Hirem Goût fir méi insolite, jo décaléiert Aarbechten, hunn d'Programmateure och vill fräie Laf gelooss. All Informatioune fënnt een op www.luxfilmfest.lu .