Kultur
"Le voyage", Spidolsclownen op der Theaterbühn
6 Clowne maachen eng Croisière an erliewen alles un emotionalen Héichten an Déiften, déi während esou engem Genre "Rees" geschéien.Esou kann een d'Geschicht ëmschreiwen, déi d'Regisseurin Eva Paulin mat 6 Clowne vun der asbl "'Île aux Clowns" am grousse Sall vum Centre Culturel de Rencontre Neimënster weist. Intressant ass de Projet "Le voyage" well déi primär sozial Aarbecht déi d'Clownen an hirem Alldag leeschte mat enger reng artistescher Approche vermëcht gëtt. De Jean Claude Majerus war an eng Prouf kucken.