Blue Note
Wayne Shorter - The Newark Flash
Den amerikanesche Saxophonist Wayne Shorter zielt zu de ganz Groussen an der Museksgeschicht. No senger Entrée op d’New Yorker Jazzzeen Enn vun den 1950er Jore wosst hien duerch seng fir déi Zäit scho progressiv Stëmm um Instrument an als Komponist, ganz seier etabléiert Gréisste wéi den John Coltrane, Art Blakey oder de Miles Davis ze begeeschteren. Vun den Jazz Messangers, dem Miles Davis säin 2. Quintet iwwert Weather Report bis zum Saxophonist sengem aktuelle Quartet, ass eng Saach sécher, ouni dem Wayne Shorter säin Output wier d’Jazzgeschicht ëm munch Pärele méi aarm. De Stefano Agostini presentéiert ee ganz besonnesche musikaleschen Universum.