Kultur
Luxembourg City Film Festival: Filmer an e verzweiwelte Versuch
"Frenzy", "Neon Bull" an "Applesauce" sinn an der Kompetitioun fir de beschte Fiktiounsfilm beim Luxembourg City Film Festival. Deenen zwee éischte Filmer ginn de Michel Delage an den Tom Dockal och gutt Chancen. Well et exzeptionnell ass datt an der Kompetitioun eng Komedie gewise gëtt, sinn d'100,7-Filmfestival-Journalisten deen haut am Kollektiv kucke gaang. Dir gitt haut ausserdem gewuer, wéi et sech unhéieren huet wéi den Tom Dockal versicht huet, dem Jean Asselborn op engem Schampes-Event eng serieux Interview-Fro ze stellen.