Kultur
Temoignagen iwwer Tschernobyl a Biller ëmgesat
De mënschlechen Impakt vun der Atomkatastroph vun Tschernobyl vu 1986 war Freideg den Owend de grousse Sujet um LuxFilmFest. Gelaf ass dem Pol Cruchten säi Film “La Supplication”, eng Adaptatioun vum Buch mam selwechten Titel vum Svetlana Alexievitch. Déi lescht Laureatin vum Literaturnobelpräis hat dee Recueil vun Temoignagen 1997 publizéiert. Déi wäissrussesch Schrëftstellerin war gëschter och zu Lëtzebuerg. Ee Bäitrag vum Michel Delage.