Kultur
"And the Oscar goes to..." Leonardo DiCaprio?
An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg ass et nees esouwäit, wéi all Joer heescht et dann “And the Oscar goes to....” Et ass ewell schonn déi 88. Oscar-Zeremonie an dem mexikanesche Realisateur Alejandro Iñàrritu säi Film “The Revenant” gesäit um Pabeier emol nom sécher Gewënner aus. Vill leit, oder bal alleguerten esou guer Experten sinn sech eens datt et dëst Joer um Leonardo di Caprio ass fir de Oscar als beschte männlechen Haaptroll ze gewannen. An dat fir seng Prestatioun am Alejandro Iñàrritu sengem Film The Revenant. Iwwerhaapt zielt dem Iñàrritu säi Film zu de grousse Favorite bei dëser 88. Oscar Zeremonie mat 12 Nominatiounen, dorënner dee vum beschte Film beschte männlech Haaptroll, bescht Regie oder och beschte männlech Niewerroll. Mä et soll een um Enn ni d’Rechnung ouni de Wiert maachen.