Radioen

On air

Thé Dansant  |  Black Sabbath - Iron Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Nordic Rock & Sleepers' Guilt

Nordic Rock & Sleepers' Guilt

Abstract Rapture

The Cancer In Your Soul, sou heescht dat neit Lidd vun Abstract Rapture, wat d’Band dës Woch zesumme mat engem Video erausbruecht huet. De Video dozou fannt der hei. De Song wäert deemno um nächsten Abstract Album ze fanne sinn, deen iergendwann an den nächste Méint soll erauskommen. Wéini, dat weess nach keen. Nach huet d’Band nämlech net opgeholl - ofgesi vun dësem Stéck eben. De Songwriting ass awer souwäit fäerdeg, an d’Band probéiert grad e passenden Datum am Studio ze sichen.

Nordic Rock

Abstract Rapture hunn och well um Nordic Rock gespillt. Dee Metal- a Rockfestival am Norde vum Land, iwwert dee mer dës Woch am Interview schwätzen. D’lescht Joer war also déi 5. Editioun, en éischte klenge Gebuertsdag. An an deene 5 Joer huet sech de Festival wonnerbar weider entwéckelt, sou de Patrick Hellenbrand, ee vun den Organisateuren am Interview. Ënnert anerem wier jo well d'Location gewiesselt gi, fir de Festival méi attraktiv ze maachen. An der Tëscht zitt de Festival eng 300 Leit den Dag un.

Op dëser Plaz ass et dann en offiziellen Opruff un d'Bands, déi wëllen um Festival den 9. an 10. September spillen. Si hunn nach Zäit bis Enn Mäerz fir sech bei den Organisateuren ze mellen.

The Majestic Unicorns From Hell

Och Neits gëtt et vun The Majestic Unicorns From Hell. Den 2. Album vun der Band Album dozou ass virun 2 Wochen eraus komm, nämlech A Matter Of Less In More. Fir d’Stéck Vivaldi Opus III hu si dës Woch e Video erausbruecht, deen nawell zimlech .. hm, wéi soll ech soen .. komesch? ass. Also wtf ass wuel dat éischt wat een denkt, wann een de Video gesäit.. ech hunn den déiwe Sënn dovunner nach net wierklech verstan.. kuckt iech en einfach mol un, an zwar hei.

Album vun der Woch: Sleepers' Guilt - Kilesa (8/10)



Zwou EPen hu Sleepers’ Guild well dobaussen, déi lescht dovunner ass am September 2013 erauskomm, elo brénge si dann hiren éischten Album eraus. Kilesa heescht dat gutt Stéck, an dat ass haut eisen Album vun der Woch.

Kilesa ass ënnert deem selwechte Line Up entstan, wéi déi lescht EP Road Of Emptiness, ma um Album Kilesa réischt huet dëse sech richteg fonnt. Op der leschter EP goufen d’Lidder nämlech nach am Sënn vun engem Frontmann geschriwwen, dee just clean gesong huet. Déi Mëschung, déi dunn op der EP erauskomm ass, wéi d’Band bis e Growler un der Spëtzt hat, huet zwar geklappt, war awer bei wäitem nach net sou ausgeräift wéi um Album Kilesa.

Lo sinn d’Riffer, virun allem natierlech während de Verser vill méi op ee Growler ofgestëmmt an d’Lidder sou méi ronn. Sou si Sleepers Guilt hirem eigentleche Stil, nämlech dem bësse progressiven a ville melodesche Metal zwar wuel trei bliwwen, ma si sinn e gudde Krack méi rockeg an heavy ginn. Wat och dorunner läit, dass quasi guer net méi clean gesonge gëtt.

Fir iech ze weise, wat ech mengen, zerleeën ech einfach dat éischt Lidd, wat d’Band erausbruecht huet, nämlech Two Words. Typesch Sleepers’ Guilt à la Amon Amarth Manéier sinn nach ëmmer de Refrain, deen ëmmer nach schéin epesch ass a vill Héngerhaut-Potential huet an elo eben och gutt hannert d’Growls passen. Typesch fir Sleepers Guilt, well de Gittarist Chris déi orientalesch Gamme esou gär huet, ass och deen ee richteg memorabele Lick virum éischte Vers. An am Verse selwer dann mierke mer fir eng éischte Kéier dat Headbang-Potential, wat d’Band bäikritt huet, hannendrun nach emol de gäile Refrain, dee wéi d’Fauscht op d’Aen passt. Ma Sleepers Guilt wieren net Sleepers Guilt, wann et keng Soloe géif. Déi si fir hiren Deel e Krack méi komplizéiert a komplex ginn.

Natierlech hu si an den anere Stécker aner Riffer an aner Soloe, mä sou oder sou ähnlech kéint een am Fong e Resume fir de ganzen Album maachen. Dobäi kommen da just nach, fir och bësse progressiv ze bleiwen, ëmmer nees interessant Introen, déi bësse Spannung opbauen iert et lass geet, oder e bësse méi laangen Intro a Form vun enger hallwer Ballad, iert et dann nees richteg lass geet, oder och ëmmer nees interessant Interludes.

Nach e Stéck méi wäit geet d’Band dann op deri 2. CD vum Duebel Album. Nach vill méi progressiv, ofwiesslungsräich a mat enger Gaaschtsängerin, nämlech dem Noemie Leer vun Elysian Gates, fënnt een op der 2. CD - déi geschichtlech a vun den Nimm vun de Lidder hir, buddhistesch ugehaucht sinn, 3 Stécker vun ëm déi 10 Minutten, déi awer als ee ganzt unzegesi sinn.

Ech kéint iech natierlech elo nach lauter aner Beispiller hei virspillen, mä ech géif soen, et ass am einfachsten, dir maacht iech selwer e Bild vum neien Album Kilesa. Wann dir e Fan vu Sleepers Guilt waart, da wäert den Album iech sécher gefalen. A wann der si net gär hat, well der gemengt hutt, si wieren net heavy genuch, da gitt iech elo vum Géigendeel iwwerzeegen. Kilesa gëtt um 27. Februar an der Kufa presentéiert.

Agenda

Sleepers' Guilt Album Release @ Kufa, Esch

Soulfly @ Atelier, Stad

Mass Hysteria @ Kufa, Esch

Loscht puer Soulfly Tix ze gewannen? Wat der dofir musst maache, gitt der op menger Facebook Säit gewuer. Wann der se net souwisou scho sollt geliked hunn, maacht dat a kuckt iech ëm no dësem Gewënnspill.

Playlist

The Gathering - Strange Machines (Mandylion, Century Media Records)

Abstract Rapture - The Cancer In Your Soul (/ - Black N' Purple Records)

Desdemonia - Struggle (Same, Independant)

Entombed A.D. - The Winner Has lost (Dead Dawn, Century Media Records)

The Majestic Unicorns From Hell - Vivaldi Opus III (A Matter Of Less In More, Independant)

Bombus - Repeat Until Death (Repeat Until Death, Century Media Records)

Sleepers’ Guilt - The Mission (Kilesa, Independant)

Voivod - Post Society (Post Society, Century Media)

Soulfly - Archangel (Archangel, Nuclear Blast)

Episoden