Kultur
Zweeten Dag vum Luxembourg City Film Festival
"Alias Maria" handelt vu Kannerzaldoten am kolumbianesche Biergerkrich, "Couple in a Hole" schwätzt vun enger Koppel, déi eng net alldeeglech Aart a Weis fonnt huet fir mat engem Schicksalsschlag ëmzegoen. Béid Filmer lafen an der Haaptkompetitioun. "Demolition", den Ouverturesfilm vum Festival, huet beim Tom Dockal senger Emo-Hipster-Säit eppes un d'Schwénge bruecht. An och wann d'Cléo Thoma eng Schwächt fir Michael Moore Filmer zougëtt, "Where to Invade Next" wäert net op sénger Top-Ten-Lëscht landen.