Kultur
Optakt Luxembourg City Film Festival
Haut ass den Optakt vum Luxembourg City Film Festival. Während 11 Deeg gi méi wéi 130 Filmprojektioune gebueden. Souwuel Fiktiounsfilmer wéi och Documentairen, Filmer fir de jeune Public, an och eng ganz Rei lëtzebuergesch Produktiounen a Co-Produktioune. Méi wéi 18.000 Leit hat de Festival d’lescht Joer ugezunn. D’Vocatioun vum Festival ass, ze weise wat sech sou a Saache Weltkino deet – an do ännere sech déi geografesch Schwéierpunkte vu Joer zu Joer. Déi Kéier eweg vun Asien an hinn zu Südamerika. D'Cléo Thoma, den Tom Dockal an de Michel Delage waren de Mëtte schonn déi éischt Filmer kucken.