Invité:e vum Dag
André von der Marck
Fir déi éischt sechs Kilometer vum Tram huet Luxtram sech fir Schinnen entscheed vum indesche Stolproduzent Tata-steel. Dat seet de Generaldirekter vun der Realisatiouns- a Bedreiwergesellschaft am Gespréich mam Mick Entringer. Dem André von der Marck no géing awer näischt verhënneren, datt bei der Ausschreiwung vum nächsten Trançon vum Tram Arcelor den Zouschlag kéint kréien. Wann de lëtzebuerger Stolproduzent eng gutt Offer géing maachen. Aktuell gëtt tëscht der Luxexpo an der rouder Bréck déi éischt Sektioun vum Tram realiséiert, déi Enn 2017 soll opgoen.