Blue Note
Gil Evans
Ee vun de bekanntesten Orchesterchefen aus der Jazzgeschicht war ouni Zweiwel de Gil Evans. Hie war net nëmmen e groussen Orchesterchef, mä virun allem als Arrangeur stoung hien dacks ganz am Déngscht vun deene Groussen. Eng vun den éischten Zesummenaarbechten war mam Miles Davis, dëst tëschent 1948-1950, wou de Gil Evans vill zum Miles sengem Repertoire bäigedroen huet. De Marco Reusch beliicht dës Zesummenaarbecht, déi virun allem zum groussen Erfolleg vum Miles Davis sengem Wierk bäigedroen huet.