Invité:e vum Dag
Claude Wehenkel
"An der Fusioun vun den ëffentlesche Fuerschungszentren Henri Tudor a Gabriel Lippmann ass zimlech alles schief gelaaf", seet de fréieren Direkter vum CRP Henri Tudor. D’Fusioun zum neie "Luxembourg Institute of Scienece and Technology" wär katastrophal ofgelaf. Aktuell géing et eng grouss Onzefriddenheet bei de Mataarbechter ginn. Am LIST géing eng Atmosphär vu Mësstrauen an Geheimniskrämerei herschen. D’Roll vun der Politik wär et, deem neien Institut eng Strategie ze ginn.