Blue Note
Jazz zu Lëtzebuerg
De Manuel Ribeiro presentéiert aktuell Projete vun Artisten, déi zu Lëtzebuerg liewen:
- Maxim Bender & Friends spillen den 19. Februar an der Philharmonie: dee Saxophonist am - Interview.
- The Grand Cosmic Journey ass eng Band vun 8 Museker, déi de 26. Februar am Kulturzenter opderschmelz zu Diddeleng hir CD-DVD Release hunn.
- De Pol Belardi huet am selwechte Kulturzenter de 16. Mäerz e Projet mat senger Band Pol Belardi's Force an den Orchester Estro Armonico. Weider huet hie säi Projet Urban Voyage op CD ze veréiwegt. (Presentatioun vun dësem CD an CD-Jazz den 29.2. um 22:15)
De Maxim Bender, Benoît Martiny an de Pol Belardi ware beim Manuel Ribeiro am Studio.