Radioen

On air

Thé Dansant  |  Bobby Womack - Across 110th Street

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Sleepers' Guilt & The Majestic Unicorns From Hell

Sleepers' Guilt & The Majestic Unicorns From Hell

Sleepers' Guilt

Zwou EPen hu Sleepers’ Guild well dobaussen, déi lescht dovunner ass am September 2013 erauskomm, de 27. Februar brénge si an der Kufa hiren éischten Album eraus. Kilesa heescht dat gutt Stéck, an iwert dat goung et am Interview mam Christian a mam Phil. Ënnert anerem hu si erkläert, wéi si sech a Punkto Songwriting entwéckelt hunn, firwat si eng Crowdfunding Kampagne gemaach hunn, wéi si sech musikalesch selwer gesinn an natierlech ëm wat et op deem buddhistesch ugehauchten Album eigentlech geet!

Am Virfeld vun der Release an der Kufa huet d'Band iwwregens schonn zwee Lidder mat engem passende Video dozou verëffentlecht. De Video fir d'Lidd Two Words fannt der hei, an dee fir d'Stéck Scars Of War fannt der hei.

Facebook Säit vu Sleepers' Guilt

Facebook Säit vun der Release Party

Album vun der Woch: The Majestic Unicorns From Hell - A Matter Of Less In More (8/10)



"... people always tell me to slow down. Remember less is more, they say. But how can that be? How can less be more? It's impossible! More is more!" Mat där Ausso vum Yngwie Malmsteen, dee jo bekanntlecherweis probéiert sou vill Noute wéi méiglech a seng Licks ze kréien, ganz nom Thema méi ass méi, fänkt den neien Album vun TMUFH un. An dat ass bëssen d’Leitmotiv vum neie Unicorns Album. Et gëtt zwar net esou genuddelt, wéi de Malmsteen dat mécht, mä et huet een einfach vun allem iergendwéi méi op dësem Album..

Z. B. si verschidde Riffer méi komplex a komplizéiert ginn. Ma net nëmmen d’Riffer u sech, mä och den Habillage ronderëm, also dat, wat déi aner Instrumenter nieft de Gittare maachen, ass hei an do méi komplizéiert ginn, zum Beispill duerch atypesch Rhythmus-Wiesselen. Eppes däerf awer bei kenger rockeger Band feelen an dat ass de Groove. An och därs gëtt et méi wéi genuch um neien Album vun de Unicorns. The Majestic Unicorns From Hell bréngen domat eppes fäerdeg, wat ech bei de sëllege Math Rock Gruppe vermëssen. Déi sinn nämlech just geekeg.. D’Unicorns si souwuel plazeweis geekeg an awer rocken se nach ëmmer..

Wann ee vu méi schwätzt, heescht dat awer net, dass jidderee méi oder méi komlpizéiert spillt. Et ass och méi Plaz do fir ze ootmen. All d’Instrumenter gi wuel un hir eege Grenzen, mä wann et ubruecht ass, gëtt engem Lick, engem Riff oder engem Akkord och Plaz gelooss, sech auszebreeden, oder ze entfalen. Och dat ass eng Form vu méi, déi d’Majestic Unicorns from Hell op dësem Album ronn bruecht hunn.

Agenda

Machine Head @ Atelier

Playlist

Ozzy Osbourne - Mr. Crowley (Live & Loud, Epic Associated)

Gehenna - Too Loud To Live, Too Drunk To Die (Too Loud To Live, Too Drunk To Die, Metal Blade Records)

Sleepers’ Guilt - Scars Of War (Kilesa, Independant)

Textures - Shaping A Single Grain Of Sand (Textures, Phenotype)

Antropomorphia - Crack The Casket (Necromantic Love Songs, Metal Blade Records)

Product Of Hate - Monster (Buried In Violence, Napalm Records)

The Majestic Unicorns From Hell - Grizzly Song (A Matter Of Less In More, Independant)

Conan - Throne Of Fire (Revengeance, Napalm Records)

Machine Head - Now We Die (Bloodstone Diamonds, Nuclear Blast)

Episoden