Blue Note
Wynton Marsalis
Dëse Mount kënnt ee vun de wéinege ganz groussen Jazzstaren an d’Philharmonie: den Trompettist Wynton Marsalis: héich gelueft wéinst senger enormer Technik a sengem onermiddlechen Asaz fir d’Cause vum Jazz, awer grad sou kritiséiert wéinst senger limitéierter Vue op d’Jazzgeschicht a senger retrograder Opfaassung vun dëser dach lieweger an no vir kuckender Konschtform. E kritesche Portrait vum Wynton Marsalis vum Jitz Jeitz.