Invité:e vum Dag
Claude Schmit
Ee vun 150 ass vun Autismus betraff, esou d’Schätzung vu “Autism Europe”. Vill vun hinne sinn net diagnostizéiert, sot de Claude Schmit de Moien hei op der Antenn. Fir de President vun der “Fondation Autisme” ass et wichteg, datt dat esou fréi wéi méiglech geschitt. Dofir bidd d’Fondatioun och Formatioune fir Professioneller un. Déi meescht vun de Betraffene leiden ënnert enger méi liichter Versioun vun der Entwécklungsstéierung. Fir déi ganz schwéier Autismus Fäll géing et zu Lëtzebuerg wéineg adaptéiert Strukturen an Ënnerstëtzung ginn. Enner anerem dowéinst hunn vrun 20 Joer betraffen Elteren d’”Fondation Autisme” gegrënnt.
Fir de Claude Schmit kéint bei der Inclusioun vun Autisten an der Schoul méi gemaach ginn. Inclusioun wär awer net ëmmer dat Richtegt. Fir bei enger staarker Behënnerung wär Inclusioun net wënschenswäert, seet de President vun der “Fondation Autisme”.
Duerch d'Gespréich féiert d'Mick Entringer.