Radioen

On air

Thé Dansant  |  Curtis Mayfield - Move On Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Soleil Noir, Everwaiting Serenade & Fleshgod Apocalypse

Soleil Noir, Everwaiting Serenade & Fleshgod Apocalypse

Soleil Noir

Soleil Noir sinn eng wéi ech fannen Ambient Metal Band, déi extrem vill mat Atmosphär schafft a bei deene kee Concert d’selwecht ass wéi en aneren. Elo hu si an Zesummenaarbecht mam Mudam eng Rëtsch Eventer organiséiert, nämlech all Mëttwoch am Februar, wou si eng wesentlech Roll mat spillen. Am Interview vun der Woch erklärt de Kevin Muhlen vu Soleil Noir, firwat esou kënschtleresch Optrëtter fir d'Band esou wichteg ass, wéi een Afloss seng Aarbecht als Konscht-Direkter am Casino op seng Band huet, wéi d'Zesummenaarbecht mam Mudam zustane komm ass a wéi ee sech déi Soirée ka virstellen, déi Soleil Noir am Mudam organiséieren.

Een Dag nom leschten Event am Mudam, bei deenen iwwregens den Entrée ëmmer gratis ass, gi Soleil Noir och e bësse méi normale Concert, also och net akustesch. Allerdéngs ass och dee méi speziell, wéi soss, well se nach d’Natasa Grujovic an de Steve Kaspar engagéiert hu, fir mat der Band op der Bühn ze stoen. Dee Concert ass an de Rotondes.

Everwaiting Serenade

Et gëtt eng Ännerung bei Everwaiting Serenade. D’Hardcore Jongen hu sech nämlech vun hirem Gittarist Jeff getrennt. Woubäi getrennt net dat richtegt Wuert ass. De Jeff huet sech just bëssen zréckgezunn, well e Papp ginn ass an elo manner Zäit fir d’Band huet. Hien huet senge Bandkollegen awer gehollef e gudden Ersatz ze fannen, an deemno iwwerhëlt elo den Eric Weishaar, fréiere Gittarist vu Falling Promises dem Jeff seng Roll. Anscheinend soll de Jeff awer Deel vun der Band bleiwen.

Album vun der Woch: Fleshgod Apocalypse (10/10)



Eisen Album vun der Woch kënnt dës Kéier vu Fleshgod Apocalypse, déi um Freideg, de 5. Februar hiren neien Opus King erausbréngen, dee grad sou wéi seng Virgänger e Kozenptalbum ass, dee verschidde Charakteren huet, déi ëmmer nees erëmkommen.

Fleshgod Apocalypse hunn am Laf vun hire véier gréissere Releasen hire Mix aus techneschem Death Metal a Symphonie esou perfektionéiert, dass et sech net ëm eng Death Metal Band handelt, déi Symphonie benotzt, mä bei där béid Elementer sou aneneen iwwerginn, dass et dat engt net ouni dat anert ka ginn. An dat op engem relativ extreme Level. Anescht, wéi bei méi klassesche Symphonic Metal Bands déngt d’Symphonie bei Fleshgod Apocalypse och net nëmmen dozou dat ganzt einfach nëmme klassesch unzesträichen a fir bëssen Atmosphär ze suergen, mä den eigentleche Stil, nämlech dem techneschen Death Metal nach méi ze ënnermolen an déi eenzel Riffer nach méi epesch kléngen ze loossen. An dat ass op hirem neiste Wierk King och nees immens gutt gelongen, sou z. B. am Lidd In Aeternum.

Déi symphonesch Elementer déngen awer net nëmmen dozou déi ganz Kompositioun méi epesch ze maache, mä och op de richtege Plazen d’Boshaftegkeet vu verschiddene Riffer nach méi prägnant ze maachen, sou z. B. am Ufank vun Healing Through War, dee richteg bedreelech a scho quasi cinematesch kléngt.

Ee Punkt an deem sech King vun de Virgänger ënnerscheed, ass defintiiv d’Produktioun. Trotz extrem vill Chaos a villen Instrumenter, déi dacks gläichzäiteg spillen ass am Mix all eenzelt Element ëmmer genee erauszehéieren, all Instrument huet Plaz fir ze otmen. An och soss kléngt den Album einfach nëmme gutt. D’Orchestréierung ass richteg propper, d’Instrumente richteg rau an d’Drums richteg fett.

A Propos Drums, déi sinn nach ëmmer bestialesch séier. Awer op King sinn se vill méi dynamesch, wéi nach fréier. Wann ee fréier d’Gefill hat, et wier Fleshgod nëmmen drëms gaang, sou séier wéi méiglech Batterie an de Lidder ze hunn an d’Lidder do ronderëm geschriwwe goufen, sou kléngen d’Lidder op King éischter, wéi wann d’Drums sou geschriwwe goufen, dass se einfach nëmme gutt an de Song passen. Séier sinn se natierlech nach ëmmer.. z. B. am Stéck And The Vulture Beholds

Wat fir d’Drums gëllt, gëllt och fir de Rescht vun den Instrumenter. Wat ech mengen ass, dass se sech alleguer bewosst e bëssen zréckhalen. Nach ëmmer klénge Fleshgod zwar apokalytesch bombastesch an d’Instrumenter ginn nach ëmmer zum deel mat Liichtgeschwindegkeet gespillt. Awer dat net einfach vu vir bis hanne, mä do wou et ubruecht ass. Net nëmmen déi eenzel Instrumenter, mä och d’Musek als solch huet Plaz fir ze otmen. D’Resultat ass, a mengen Aen, dofir de beschten an epeschste Fleshgod Apocalypse Album bis elo.

Fleshgod Apocalypse kommen den 2. Abrëll iwwregens mat Ensiferum an d'Kufa op Esch.

Agenda

Underground Ascending 3 @ Exhaus, Tréier

The Majestic Unicorns From Hell @ Gudde Wëllen, Stad

Playlist

Megadeth - Hangar 18 (Rust In Peace, Capitol Records)

Assorted Nails - Ghost (unreleased)

Soleil Noir - Ars Belli (The Great Dodecahedron, independant)

Prong - Without Words (X - No Absolutes, Steamhammer / SPV)

Everwaiting Serenade - No Harbor (No Harbor, Independant)

Amon Amarth - First Kill (Jomsviking, Metal Blade Records)

Fleshgod Apocalypse - Cold As Perfection (King, Nuclear Blast)

Brimstone Coven - Beyond The Astral (Black Magic, Metal Blade Records)

Rage - Sent By The Devil (My Way, Nuclear Blast)

Episoden