Kultur
Nicole Stoewesand: Filmmaquilleuse am digitalen Zäitalter
D’Nicole Stoewesand zaubert zanter 30 Joer Blessuren op muskuléis Äerm oder Reefer ënnert Mandelaen. Als Filmmaquilleuse muss een aus engem bestëmmten Holz sinn, fënnt d’Saarlännerin. Heiansdo geet et dorëms, an engem Risen-Team bannent kuerzer Zäit e kreative Konsenz ze fannen. Spontaneitéit a Flexibilitéit géifen um Set nach méi grouss geschriwwe ginn ewéi beim Theater. Fréier war bei de schwaarzwäiss Filmer fir eng Maquilleuse dee groussen Challenge d’Kontraster besser en Evidence ze setzen. Am digitalen Zäitalter si Camouflage a co déi Erausfuerderung.Trotzdem, sou huet d'Nicole Stoewesand et dem Kerstin Thalau erkläert, wäerten d'Filmmaquilleusen och an Zukunft gebraucht ginn.