Kultur
"Le Luxembourg d'une guerre à l'autre"
Kierzlech koum dem Steve Kayser seng geschichtlech Publikatioun "Le Luxembourg d'une guerre à l'autre" op de Bichermaart. Den Historiker beliicht an dësem Wierk déi fir Lëtzebuerg schwiereg an interessant Zäit tëscht 1914 an 1945, also vum 1. bis nom 2. Weltkrich. An onsem Kulturinterview freet de Jean-Paul Roden den Historiker wéi Lëtzebuerg an dëser batterer a politesch beweegter Zäit vum aarme Bauereland zum unerkannte fräie Lëtzebuerg gouf, a wéi eng Roll d'Groussherzogin Charlotte dobäi gespillt huet.