Kultur
100 Joer Dadaismus
Am Cabaret Voltaire an der “Spiegelgasse Nummer 1” gouf de 5 Februar 1916, virun 100 Joer, de DADA-Mouvement gebuer. En internationale Konschtmouvement dee sech géint alles revoltéiert huet. Eng Programmatik déi den Expressionismus ofgeléist huet an d’Grondlag fir den Surrealismus geluecht huet. D’Sënnlosegkeet vum Intellekt, vun der Logik a vun der biergerlecher Kultur sinn an de Fokus vun der Ironiekultur vun den Dadaiste geroden, en artistesche Protest géint Barbarei vum éischte Weltkrich war gebuer. De Bernt von zur Mühlen.