Kultur
Luxembourg City Film Festival: fir d'Sechst!
Vum 25. Februar bis de 6. Mäerz dréint sech an der Stad Lëtzebuerg alles ëm Kino, bei der sechster Editioun vum Luxembourg City Film Festival. Vill lëtzebuergesch Produktiounen a Co-Produktiounen (y compris an de Competitiounen) stiechen an d'Aen. De Festival setzt op nei Partenairen (Kinepolis, Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte), nei Highlights (de Besuch vun enger Nobelpräislaureatin, e Spiggelzelt bei der Gëlle Fra mat engem full virtual reality corner), awer och op Projeten déi hir Preuve gemaach hunn (Hors-les-murs-Projektiounen, eng soignéiert Programmatioun fir Kanner a Jonker). Informatioune ginn et op www.luxfilmfest.lu