arrow_back_ios
Kultur
Democracy - en neien Dokumentarfilm
"Democracy- im Rausch der Daten", een Dokumentarfilm vum David Bernet, erzielt vun engem jonken EU-Parlamentarier, deen de freien Zougrëff op eis digital Donnéeën als een Agrëff an d'Privatliewe gesäit, a versicht mat Hëllef vun der EU-Kommissärin Viviane Reding nei Richtlinnen opzestellen. Ee laangen an haarde Kampf géint Wirschaftslobbyisten, deen zwee an en halleft Joer laang gefilmt gouf, an elo bis de 16. Februar am Kino ze gesinn ass.